Verstopp a schwätz lëtzebuergesch
Band I
En interaktiivt Buch fir Kanner
130 Wierder kënne mat der Method vu « Verstopp a Schwätz » op eng spilleresch Aart a Weis geléiert ginn.
1. Kuck der d'Biller an d'Wierder gutt un. So d'Wierder e puer mol haart vir.
2. Mat de wäisse plastifizéierte Säiten, déi hannen am Buch sinn, decks Du d'Biller op der lénker Säit zou. Versich ze verhalen, wat d'Wierder bedeiten a so se e puer mol haart vir.
3. Duerno decks Du déi lénk Säit op, an déi riets zou. Kuck d'Biller a so d'Wierder haart vir. Du kanns och probéieren se op déi plastifizéiert Säiten ze schreiwen. Huel e waasseropléisleche Stëft, dee kann ofgewäsch ginn. Sou kanns Du se sou dacks drop schreiwe wéi s Du wëlls.
Dëst Buch behandelt verschidden Themen ewéi : Bauerenhaff, Klassesall, Jungel, Kierper, Faarwen, Zoo, Strooss, Plage, Famill, Fest, Spillsachen, asw.
Eng flott a praktesch Manéier fir déi éischt wichteg Wierder op Lëtzebuergesch ze léieren.